DE PROJET
De Projet Mol nach emol versicht, d’Kreeslafwirtschaft an de Lëtzebuerger Schoulsystem z’integréieren, andeems onbenotzt Schoulmaterial recuperéiert gëtt an en zweet Liewe geschenkt kritt. Doduerch kënne ganz Schoulklasse gratis vum Material profitéieren an et gëtt verhënnert, datt erëmverwendbar Objeten ewechgehäit ginn.
D’ZIL VUM PROJET ASS ET OCH, D’VERBRAUCHERGEWUNNECHTEN AN D’PERCEPTIOUN VUM WÄERT VUN OBJETEN ZE ÄNNEREN. ET ASS ALSO OCH ENG PEDAGOGESCH METHOD.
D’Material gëtt vun den Ateliere vun der Fondatioun Kräizbierg sortéiert, gespëtzt, gebotzt an desinfizéiert. Duerno gëtt et dann a Second-Hand-Këschten agepaakt. An esou entsteet aus dem gespente Material nees e neien, recycléierte Kit, dee jee no Besoin esouguer personaliséiert ka ginn.
FIRWAT?
De Ressourcenzenter SIVEC kritt all Joer 6.600 Tonne Material geliwwert. Villes dovunner ass nach an engem notzbaren Zoustand, gëtt awer leider oft nach verbrannt.
Dofir huet de SIVEC ugefaange sech staark am Réemploi z‘engagéieren:
IWWER 100 TONNEN U MATERIAL GI MËTTLERWEIL ALL JOER WEIDERVERMËTTELT A KOMME NEES ZERÉCK AN DE KREESLAF.
WéI?
Bréng däin ongebraucht Schoulmaterial an dës Sammelstell a mir bréngen et zeréck an de Kreeslaf. Sou kënnen anerer dovunner profitéieren ouni nei Ressourcen ze verbrauchen.
PROFITÉIER OCH DU VU GRATIS SCHOULMATERIAL !
Loosst eis zesumme de Faarwen an anerem Schoulmaterial en neit Liewe schenken... an d’Welt e Stéck besser maachen!